"Genialitéit vun der Davis Method läit a senger Einfachheet"

Prof. Samy Molcho

DEN DON

Et get Menschen, dei e besonneschen Don hun: Sie denken an draeidimensionalen Biller. An dat mat enger Vitesse an Detailler zu denen d'Wuertdenker keen Zougang hun.

Dat féiert dozou, dass sie oft onbeierrbar aussergeweinlech oder onkonventionell Wéer gin, dei am Zervice vun der ganzer Menschheet stoen koennen.

Et sin Leit wei den Henry Ford, den Leonardo da Vinci, den Thomas Edison, den Winston Churchill oder de Walt Disney.

DE PRAEIS FIR DEN DON

Munech Billerdenker bezuehlen en heichen Praeis fir hieren Don well hien nett mat der Symbolsproch (Liesen, Schreiwen, Rechnen) fonktionneiert.Et gett Wieder bei denen direkt e Bild entsteht, z. Bsp. "Katz"

Et gett awer och Wieder, wou kee Bild entsteht (z. Bsp. "ënner") an dann kann en meiglecherweis genau dei Informatioun, dei fir en totalt Verstaendnis wichteg ass. Dest Onverstaendnis mecht total duercherneen, zemols wann mei der Wieder hannereneen kommen, an dann kann een guer net mei richteg liesen, schreiwen, nolauschteren oder sech eppes net richteg mierken.

Doduerch verschwoend d'Duercherneensin, Et gett duerch e vollt Verstoen ersat an Wat een geleiert huet bleiwt endlech am Gedaechtnis.

DEN DON BENOTZEN FIR ANESCHT ZE LEIEREN

D'Davis®-Methode liwert Instrumenter fir eng entspant Obmierksamkeet duerch:

  • · Kloart Denken an Kommunizeieren
  • · Upassen vun der Energie un de Besoin (wichteg baei Leit mat Obmierksamkeetssteierungen)
  • · Bewaeltegung vun Emotiounen an Stress
  • · Kontroll vum Glaeichgewicht

Ob dei Maneier ass een an Harmonie mat sech selwer an dann gett den Don baei Leierschwieregkeeten wei Dyslexie, Schreiw- an Rechenschwaecht, souwei Obmierksamkeetsproblemer (Hypo- an Hyperaktiviteit) nees eng Hellef:

  • · Bei neie Liesuebungen
  • · Beim spillereschen a kreativen Formen vun denen bildlosen Wieder aus Plastillin

Eugénie Schares

dialog

D'TRAINERIN

Ech sin selwer Mamm vun engem dyslexeschen Kand an dofir hun ech een deift Verstaendnis fir dat wat aert Kand an Dir duerchmacht.

Vierun enger Reih vun Joeren huet dem Davis® seng Method eis ganz nei Perspektiven bruecht.
Fir d'eischte Keier krut maein Kand konkret Instrumenter, dei him

  • · D'Meiglechkeet gin hun fir ze verstoen wei saein Denken fonktionneiert
  • · Gehollef hun fir selwer an mat Eegenverantwortung saein Duercherneen obzeleisen an ob seng Maneier ze leieren
  • · Eng Stoetz waren fir e gudden Secondairesofschloss ze machen

Zertifizeiert Davistrainer® gett et ob der ganzer Welt.
Iwert dyslexia.com koennt Dir erausfannen, wien am nosten bei Iech ass.
Verschiddener vun eis, an dozou geheieren ech, reesen awer och gaer baei eis Klienten fir sie ob hierer Rees zou engem aneren Leieren ze begleeden.
Wann dat eng Optioun fir Iech ass, dann setzt Iech mat mir a Kontakt. Ech freen mech drop

KONTAKT

Eugénie Schares 20b, rue du bois
L-4912 Bascharage

Tel:   +352 621 625 626
Mail:  eugenie@e-schares.com

Äre Kontakt fir folgend Programmer: